Konzept a Method

Hannert der Liewensberodung steet en diploméierte Psycholog, dee mat vill Enthusiasmus, no engem humanistesche Mënschebild, senge Patienten zu méi Selbstkompetenz, Selbstverantwortung a Selbstbestëmmung verhëllefe wëll.

An eiser turbulenter Welt ginn et kaum nach Konstanten, un deenen ee festhale kann an déi engem e Gefill vu Sécherheet ginn. Di aktuell sanitär Kris, wou gefillt all Dag nei Informatiounen, Richtlinnen a Statistike publizéiert ginn, ass e Paradebeispill heivir: Wat gëschter nach richteg war, kann haut falsch sinn.

Dofir ass et grad an dëser Zäit ëmsou méi wichteg, en Ur-Vertrauen an sech selwer ze hunn, a selbstbestëmmt seng Gedanken an Emotiounen ze geréieren. Wien seng Mëtt an ënnerlech Rou fonnt huet, léisst sech vun äusserlechen Ëmstänn net méi beaflossen, a kann, onofhängeg vun deem wat hien ëmgëtt, en zefriddent a selbstbestëmmt Liewe féieren.

An der Liewensberodung ass de Patient den Expert vu sengem Liewen an de Psycholog säi Begleeder. Säin Ziel ass, dem Patient nei Erkenntnisser ze vermëttelen, mat him nei Handlungsméiglechkeeten auszeschaffen an him sou zu méi Selbstbestëmmung an Autonomie ze verhëllefen.

D'Natur ass dobäi eng wichteg Ressource, fir zur Rou ze kommen an iwwert sech a seng Situatioun ze reflektéieren. Di positiv physiologesch a psychologesch Wierkung vun der Natur op de Mënsch kennt eigentlech jidderee vun eis, a se gëtt zanter gutt 20 Joer och wëssenschaftlech ënnersicht an ass mëttlerweil och objektiv beluecht. D'Liewensberodung huet als Ziel, dës positiv Wierkung vun der Natur fir psychologesch Consultatioun ze notzen, dofir fannen d'psychologesch Gespréicher gréisstendeels an der Natur, resp. am Fräie statt.

D'Liewensberodung ass fir jiddereen, deen Ënnerstëtzung bei groussen oder klenge Probleemer am Liewen sicht, eng Hëllef viru kriteschen Entscheedungen brauch oder sech perséinlech weiderentwéckele wëll.

Proudly powered by WordPress | Theme: Baskerville 2 by Anders Noren.

Up ↑