Héichbegabung

Blockade léisen a sech selwer entfalen

Villen Héichbegaabte fält et schwéier sech hirem Ëmfeld esou ze weisen, wéi se sinn.

Oft hunn se schonn a jonke Jore gemierkt, datt se anescht denken (a fillen) wéi hier Matmënschen. Aus Angscht net akzeptéiert an ausgegrenzt ze ginn, hunn se sech hirem Ëmfeld ugepasst an sech verbéit fir net opzefalen. Esou hunn si scho ganz fréi geléiert hier Impulser ze kontrolléieren an sech « sozial erwënscht » amplaz authentesch ze verhalen.

Vill Héichbegaabter hunn iwwer Jore selbstkritesch Glawenssätz entwéckelt.

Mat der Diagnos « Héichbegabung » kann een dann zwar säin « Anescht-sinn » erklären, allerdéngs weess een ëmmer nach net, wéi een domat ëmgoe soll.

Als Psycholog, dee selwer héichbegaabt ass, weess ech, wéi schwéier et ka sinn, sech senger Ëmwelt selbstbewosst an authentesch ze weisen. Dofir bidden ech fir héichintelligent an héichbegaabt Leit spezifesch Berodungen un.

Hei e puer Schwéierpunkten, déi a menger Aarbecht mat Héichbegaabten oft opgegraff ginn :

  • Sech selwer akzeptéieren
  • Sech trauen sech net (méi) ze verstellen
  • Sech a senger Gedanken- a Gefillsflut zurecht fannen
  • Seng Kommunikatioun verbesseren
  • Seng Rastlosegkeet verstoen
  • Seng eege Gefillswelt besser verstoen
  • Aneren hier Gefillswelt besser verstoen
  • Beruffsberodung
  • Schoulberodung

Vläicht fannt Dir Iech an dësen Themen erëm ?

Loosst eis driwwer schwätzen !

Proudly powered by WordPress | Theme: Baskerville 2 by Anders Noren.

Up ↑