HP-Café

Den HP-Café ass en Treff fir héichbegaabt Leit an hier Familljen fir sech kennenzeléieren an zum Thema “Héichbegabung” auszetauschen.

Nierwt dem Austausch mat Aneren bidd den Treff och d’Gelegenheet Informatiounen zu den Themen Intelligenz, richteg Léieren a Selbstregulatioun vun engem Psycholog an Expert fir Héichbegabung ze kréien.

Den Inhalt vum Treff ass deels virginn an deels flexibel a ka vun de Leit selwer matbestëmmt ginn (wa Beispillsweis eng Demande opkënt fir eng konkret Entspanungsmethod ze léieren, kënnen entspriechend Workshops organiséiert ginn). Duerch dës Flexibilitéit gëtt den themateschen Inhalt vun den Treffen dem Besoin vun de Leit ugepasst.

Dat Ganzt fënnt an engem onbeschwéierte, familiäre Kader statt.

Den HP-Café fënnt 1x de Mount Méindes, 18h00-20h00, am Kreativatelier zu Ettelbréck (Google Maps) statt.

De Programm an d’Umeldung fir Saison 2025/2026 fannt Dir ënner dësem Link:

https://forms.cloud.microsoft/r/1efAB962nJ?origin=lprLink

Info: Am HP-Café gëtt Lëtzebuergesch geschwat, op Ufro (kontakt@liewensberodung.lu) kann en HP-Café zu engem konkreten Thema ganz gär och op Franséisch oder Englesch organiséiert ginn. Heivir brauch ee just e Grupp vu min. 6 Leit.

 

 

English version

The HP-Café is a meeting place for gifted people and families to get to know each other and discuss the topic of “giftedness”. 

In addition to exchanging ideas with others, the meeting also offers the
opportunity to obtain information on the topics of intelligence, learning strategies and self-regulation from a psychologist and high IQ expert.

The content of the meeting is determined flexibly by the participants themselves. The meeting takes place in a familiar, informal setting.

The HP-Café takes place monthly on a Monday,18h00-20h00, at the Kreativatelier in Ettelbruck (Google Maps).

Program and the inscription for the 2025/2026 season via this link:

https://forms.cloud.microsoft/r/1efAB962nJ?origin=lprLink

Info: The HP-Café is held in Luxembourgish. If there is a demand (at least 6 people) we are glad to organize a session in English or French. Please send your request to kontakt@liewensberodung.lu.

Proudly powered by WordPress | Theme: Baskerville 2 by Anders Noren.

Up ↑