IQ Tester

Am Kreativatelier zu Ettelbréck bidde mir dënschdes Mëttes individuell IQ Tester fir Kanner (ab 6 Joer) an Erwuessener (bis 65 Joer) un.

En IQ Test gëtt an e puer Etappen organiséiert:

  1. Zesumme kucke mir wéien Test fir Iech / Äert Kand dee richtegen ass (evtl. wéieen Test vun der Schoul gefrot gëtt)
  2. Testduerchféierung am Kreativatelier (Google Maps)
  3. Feedback Gespréich mat Erklärungen zum IQ Test an Austausch iwwer eventuell Probleemer, déi mat engem héijen IQ verbonne kënne sinn
  4. Schrëftleche Rapport zum Test mat Léisungsusätz zu de virdrun diskutéierte Probleemer (dëse Rapport kann een och gär dem Schoulpersonal viru ginn)
  5. Bei Bedarf, weider psychologesch Begleedung, resp. Héichbegaabte Coaching, an der Natur
  6. Méiglechkeet um reegelméissegen Treff fir Héichbegaabter “HP-Café” deelzehuelen

Bei Froe kënt Dir eis gär schreiwen op kontakt@liewensberodung.lu oder uruffen um +352 621 28 37 36

Proudly powered by WordPress | Theme: Baskerville 2 by Anders Noren.

Up ↑