Pen to brain

Zesumme mam Kreativatelier

———————————————

Nëmme wann een sech e Bild vun der Realitéit mëscht, kann een och eppes veränneren.

Déi individuell psychologesch Aarbecht am Kontext vun der Liewensberodung gëtt duerch d‘Konzept Pen to brain ergänzt, dat sech op d’Method vun der Neurographik baséiert.

 

Neurographik ass eng kreativ Transformatiounsmethod, déi de fräien a kreativen Ausdrock – onofhängeg vu Wierder a Konzepter –  notzt, fir Denk- an Handlungsprozesser ze visualiséieren an ze veränneren. Mat Hëllef vu fléissende Linnen, Faarf an einfache Forme ginn op eng einfach an entspaante Manéier Blockade geléist a Virstellungen, Ziler a Wënsch formuléiert.

Wat kann Neurographik?

  • Innovatiivt Denke fërderen – al Denkschemae ginn duerchbrach; nei Verbindungen an Denkmusteren entstinn
  • Léisungen ervirbréngen – Optioune gi siichtbar
  • Kreativitéit stimuléieren – eege Kreativitéit aktivéieren an erliewen
  • Inspiréieren a Begeeschteren – lassléise vun der thematescher Komplexitéit duerch Flowerliefnes; mat Spaass visualiséieren a veränneren
  • Entspanen – eng innovativ Méiglechkeet, fir bannent Minutten zur Rou ze kommen; aktiv Meditatioun

De kreative Schafungsprozess, deen eng intensiv Reflexioun iwwert dat eegent Empfanne wärend a no dem Zeechnen fuerdert, gëtt duerch Entpspanungsübungen ënnerstëtzt.

Proudly powered by WordPress | Theme: Baskerville 2 by Anders Noren.

Up ↑